Test LAF
PILOTÉIERUNGSPHAS VUM TEST LAF
Den Test LAF (Niveauen A2-B1) ass e computerbaséierten Test, dee vum Institut national des langues Luxembourg entwéckelt gëtt. E préift d'Sproochkompetenz am Lëtzebuergeschen op der Basis vun den Niveauen A2 a B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS).
Mir si frou, datt Dir un dëser Pilotéierung vum Test LAF deelhuelt. D'Zil vun der Pilotéierung ass et, eventuell Problemer ze erkennen an déi néideg Ännerunge virzehuelen, éier den Test offiziell ugebuede gëtt.
Villmools Merci am Viraus fir Är Participatioun.
ZILPUBLIKUM
Den Test LAF riicht sech u Leit, déi wéinstens 16 Joer al sinn, deenen hir Mammesprooch net Lëtzebuergesch ass, an déi hiren Niveau am Lëtzebuergesche gär fir privat oder berufflech Zwecker géifen evaluéiere loossen.
DEN TEST
Den Test LAF evaluéiert véier Sproochkompetenzen:
- Liesen (5 Aufgaben): 55 Minutten
- Lauschteren (5 Aufgaben): maximal 35 Minutten
- Schreiwen (2 Aufgaben): 50 Minutten
- Schwätzen (4 Deeler): 16 Minutten
EVALUATIOUN
Am Kader vun der Pilotéierung kritt Dir Är Resultater an 2 Kompetenzen (Liesen, Lauschteren) de 15. Juli 2025. Dir kritt kee Certificat fir Är Participatioun.
Prochaines sessions
| Session | Niveau | Adresse | Examen écrit | Examen oral | Date limite d'inscription | |
|---|---|---|---|---|---|---|
| Aucun exam planifié actuellement. | ||||||