PILOTÉIERUNGSPHAS VUM TEST LAF

Den Test LAF (Niveauen A2-B1) ass e computerbaséierten Test, dee vum Institut national des langues Luxembourg entwéckelt gëtt. E préift d'Sproochkompetenz am Lëtzebuergeschen op der Basis vun den Niveauen A2 a B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS).

Mir si frou, datt Dir un dëser Pilotéierung vum Test LAF deelhuelt. D'Zil vun der Pilotéierung ass et, eventuell Problemer ze erkennen an déi néideg Ännerunge virzehuelen, éier den Test offiziell ugebuede gëtt.

Villmools Merci am Viraus fir Är Participatioun.

ZILPUBLIKUM

Den Test LAF riicht sech u Leit, déi wéinstens 16 Joer al sinn, deenen hir Mammesprooch net Lëtzebuergesch ass, an déi hiren Niveau am Lëtzebuergesche gär fir privat oder berufflech Zwecker géifen evaluéiere loossen.

DEN TEST

Den Test LAF evaluéiert véier Sproochkompetenzen:

- Liesen (5 Aufgaben): 55 Minutten

- Lauschteren (5 Aufgaben): maximal 30 Minutten

- Schreiwen (2 Aufgaben): 50 Minutten

- Schwätzen (4 Deeler): 16 Minutten

EVALUATIOUN

Am Kader vun der Pilotéierung maacht Dir den Deel Liesen an Dir kritt Är Resultater an der Kompetenz Liesen. Dir kritt kee Certificat fir Är Participatioun.


Next sessions

Session Level Location Written exam Oral exam Registration deadline
No exam currently available.