View the list of exams

Zertifikat Lëtzebuerger Orthografie

Domadder ass en nationalen, standardiséierten Test gemengt, deen aus 90 Froen zu der Lëtzebuerger Orthografie besteet. Wann een deen Test mécht, kritt ee gewisen, wéi vill Prozent vun de Froen ee richteg beäntwert huet.

Den ZLO gëtt am Nationale Sproocheninstitut Lëtzebuerg (INLL) ugebueden.


Zilgrupp


Dësen Test riicht sech u Persounen, déi hir Kompetenzen an der Orthografie duerch en nationalen Test zertifizéiere loosse wëllen. Et gi keng Viraussetzungen, fir ugeholl ze ginn.


Den Test


Den Test besteet aus 90 Froen zur Lëtzebuerger Orthografie. Bei all Saz kann ee bei engem markéierte Wuert tëschent 4 méigleche Schreifweise wielen. Et ass ëmmer nëmmen eng Äntwert richteg. Den Test gëtt op enger Tablett gemaach.


Bewäertung


D’Bewäertung gëtt iwwert d’Applikatioun op der Tablett gemaach. All Kandidat, deen den Test ofschléisst, kritt vum INLL en offiziellen Zertifikat ausgestallt, op deem dropsteet, wéi vill Prozent vun de gestallte Froen hie richteg beäntwert huet. 

 


Next sessions

Session Level Location Written exam Oral exam Registration deadline
30. September 2025 um 16:00 Auer / INLL Glacis 30/09/2025 02/09/2025
Sign in / Register
02. Dezember 2025 um 16:00 Auer / INLL Glacis 02/12/2025 04/11/2025
Sign in / Register